Moien, ech sin d’carole

Vun deene meeschten och Caro genannt.

Ech sinn een absolut Liewensfrouen an lëschtege Mënsch. Ech reesen am léiwsden mat mengem Mupp am Van, fir déi wonnerschéi verstoppten Ecker vun eiser Welt ze entdecken, an dobäi aner Kulturen an nei Leit kennen ze léieren an doduerch Erfarungen an Erënnerunge fir d’Liewen ze sammelen. Ech gi gären Wanderen a setze mer dobäi selwer meng Zieler vun deenen ech mech dann och nit ofbréngen loossen - egal wéi haart de Wee och gëtt - ech gi gär a bewosst iwwer meng perséinlech Grenze raus. An eisem Kapp sinn eis Méiglechkeeten ëmmer vill méi kleng, wéi dat wat mer a Wierklechkeet leeschte kennen. Dowéinst ass mir och kee Challenge ze grouss a keen Opwand ze vill fir u mäin ziel ze kommen an doriwwer eraus.

mat wéineg zefridden

Réischt an der Pandemie ass mer wierklech bewosst gi, wéi Materialistesch mir iwwerhaapt liewen. Wärend dem Lock-Down, wou ech vill Zäit eleng a menger Wunneng verbruecht hunn a masseg Zäit hat fir mech mat mir selwer an all menge Saachen auserneen ze setzen a wéi vill ech wierklech besetzen, ass mer bewosst gi:

“Dat hei alles brauchs Du dach sécherlech nit wierklech, fir Glécklech ze sinn!”

Stéck fir Stéck hunn ech mech dunn duerch mäin neie Challenge am Liewe geraumt, all eenzelt Stéck hunn ech mech gefrot wat et mir bedeit a wat et fir mech a mäi Gléck am Liewe bréngt, ob ech et brauch fir weider ze liewen oder ob et einfach nëmmen ee Stéck fir mech ass, wat ech emol misst oder wollt hunn.

Bannent 3 Joer hunn ech mäi Besetz souwäit reduzéiert, dass alles a mäi Van passt wat mer perséinlech wichteg ass a wat ech denken dass ech brauch fir een onbeschwéiert Liewen ze féieren. Bei den nächste Reese brauch ech mer manner Gedanken dremm ze maache wat ech apaken, a wouhi mat den aner Saachen, déi ech Doheem loossen.

ziel orientéiert

Jiddereen huet seng eege Virstellung vum Liewen, wéi et lafen soll, wat alles geschéie soll an am beschten nach alles zum - fir eis - perfekte Moment.

Aus Erfarung kann ech soen, et kënnt ni esou, wéi een et geplangt huet. Et läit ëmmer an eegener Hand, dat bescht aus all Situatioun ze maachen an nimools op ze gin, mee ëmmer weider ze maachen. Am Liewe gi mir ëmmer rëm op en neits geléiert wat et heescht nei un ze fänken a woufir een Neistart heiansdo gutt ass.

“Wann ech mir een Ziel an de Kapp setzen, dann halen ech och dodru fest. Léiwer hunn ech et nit gepackt, wéi et ni probéiert ze hunn.”

Mir ass am wichtegsten, de perséinleche Kontakt oprecht ze erhale, Kommunikatioun, Respekt, oppenen an entspaanten Ëmgang mat menge Matmënschen, a Spaß bei der Äerbecht ze garantéieren. Jiddereen huet seng eegen Aart a Weis ze schaffen an dat fannen ech och gutt esou, doduerch ass eis Welt sou wonnerschéi verschidden.

berufserfahrungen

28 September 2023 - Haut

Tiny Office

CEO


14 Dezember 2020 – Haut

Center Hospitalier du Nord

Sekretariat fir Administratioun & Finanzen

Patientenverwaltung

Entretiensmanagement

Comptabilitéit


1 September 2020 – 30 November 2020

Hotel Restaurant Um Wills Pull

Serveuse & Réceptionniste (16h/Woch)

1 September 2020 – 11 Dezember 2020

C. Goebel & Fils S.à.r.l.

Administrativ Hëllefskraaft (24h/Woch)


15 September 2017 – 31 August 2020

Goodyear Dunlop Tire Operations S.A.

Recrutement

Onboarding Programm

Organisatioun vun Formatiounen

Datenbanken pflegen

verschidden administrativ Aufgaben


1 Januar 2016 – 31 August 2017

Hospices civils de Luxembourg

CDI Aide socio familial


1 September 2014 – 31 Dezember 2015

Stëftung Hëllef Doheem

CDI Aide socio familial

15 September 2012 - 31 August 2014

Stëftung Hëllef Doheem

Ausbildung Auxiliaire de vie

Diplomer

September 2017 - Juli 2020

Lycée Technique d’Ettelbruck

DAP - Agent administratif et commercial

bestanen - ‘ganz gutt’

September 2011 - Juli 2014

Lycée du Nord Wiltz

DAP – Auxiliaire de vie

bestanen - ‘gutt’

Weiter
Weiter

English