mobil a flexibel

Gären kommen ech och bis bei iech an de Betrib fir do verschidden Aarbechten ze iwwerhuelen. Mir kënnen Haut des Daags wieklech Dankbar sinn, dass mer Online vun iwwerall aus kenne schaffen, an awer bleiwen ëmmer nach Saachen déi kann een nëmmen op der Platz selwer maachen.

op Ofsprooch

No Ärem Feierowend, Weekends oder op Feierdeeg. D’Aarbecht soll op kee Fall leie bleiwen.

Meng Aufgabe bei Iech am Betrib kennen déi selwecht sinn, déi ech och Online ubidden, et kennen awer och nach aner Aarbechten dobäi kommen.

Kontaktéiert mech, dass mir weider Detailer perséinlech kennen beschwätzen.

Comptabilitéit

Rechnungen opstellen oder Rechnunge bezuelen. Archivéierung vun de ausgeglachenen Dokumenter

Bréifpost

Veraarbechtung vun Ärer Post

Verdeelen, ascannen a verschécken, Inhalter verschaffen…

Archivéierung

Et leien nach lauter al Saache ronderëm, déi scho längst an d’Archive gehéieren, mee nach keen hat déi néideg Zäit fir sech domadder ze beschäftegen…Ech hëllefen och gäre bei der Digitaliséierung vun den Dokumenter.

Opraumen

An de Schief an Tiräng verstoppen sech souvill onnëtz Saachen, déi einfach ni wechgeheit gi mee wou ëmmer nëmme weider dobäi gestach gëtt. Stëfter, Bürosklameren, Visitekärtecher, Prospekter, Reklammen,…

Weiter
Weiter

English