Online-Sekretariat

déi Digital Léisung

Wann ee selwer ee Betrib huet oder Selbststänneg ass, da weess ee wuel am beschten, dass et ëmmer vill ze dinn gëtt.

Vum Opbau vum Betrib, iwwer d’Organisatioun, de Kontakt mam Client oder de Verkaf vum Produit deen der hierstellt, alles hellt seng Zäit an Usproch.

Betriber

Sief et ee klengen oder ee grousse Betrib, ëmmer as do nach Aarbecht déi do läit fir ‘méi spéit’ - wien kennt dee Koup Pabeier nit? Dir hutt ewell eng Persoun agestallt déi iech an der Administratioun ënnerstëtzt, mee duerch de Wuesstem vun ärem Betrib, packt och déi hier Aarbecht nitméi an ass esoulues iwwerfuerdert. Am Moment kenn dir iech et awer nit leeschten eng zweet Hëllef anzestellen? Zesumme kenne mir eng Léisung fannen, wéi ech iech verschidden Aarbechte kann ofhuelen, wärend är ‘t Personal op der Platz sech em déi Alldeeglech Aufgabe këmmere kann.

selbststänneger

Grad am Ufank, wann ee grad de Betrib gestart huet, feelt gären d’Geld fir eng Persoun déi ee kéint Ënnerstëtze bei sech anzestellen. Do falen ëmmer vill Chargen un all Mount, fir eng eenzeg Paie kënnen auszebezuelen. De Pabeierkrom hëlt awer och esou lues Iwwerhand an dir sicht no enger Léisung wou dir Hëllef kritt am Hannergrond an iech voll a ganz op de Betrib konzentréiere kënnt.

verÄiner

Ween kennt et nit? De Fräizäitveräin, vum Sport, iwwer Konscht, Gesellschaftsspiller oder Sammlungen, a villes méi. An deene meeschte Veräiner gëtt alles duerch d’Memberen um rulle gehale.. Et gëtt ëmmer souvill ronderëm ze dinn an ze organiséieren, do gëtt een oft vill ze laang duerch E-Mailen, Bréiwer, Flyeren opsetzen, Bestellungen opginn, Planning opstelle fir Manifestatiounen asw opgehale! Wier et nit flott de ganze Pabeierkrom kennen oofzegin, an déi Zäit als aktive Member am Veräin kennen ze notzen?

privat Leit

Am normalen Alldag, brauch ee sécher keng grouss Hëllef bei de Pabeieren, et gëtt awer mol Situatioune wou sech méi Pabeieren usammelen déi mussen an der Rei gehale gi, sief et grouss privat Projeten oder Ëmstellungen am Liewe wou der Ufanks  eng Hëllefsstellung beim Organiséiere braucht. Dëst kann duerch Online Meetings oder och mat perséinlech opgestallten Organisatiounstabellen si. Ech liewen och aus Iwwerzeegung de Minimalismus a si gären bereet iech méi zu deem Thema ze erziele oder och iech ze hëllefe beim ëmsetzen.

Telefonsservice

op véier verschidde Sprooche, baussent äre Geschäftszäiten, wärend Dir op engem  Rendezvous sidd oder einfach wann dir eng Paus braucht vun allem :)

e-mail

Andauernd kommen nei E-Maile ran an ëmmer erëm gitt dir doduerch vun ären eigentlechen Aufgaben ofgelenkt. Sortéiere vun ären E-Mails, Zesummefaassung vum Inhalt an Informatioune verschaffen.

donnéen agin & analyséieren

Zesummenfaassung vun Ären Donéeen fir domadder kënnen d’Resultater vun der Produktivitéit ze vergläichen an auszewärten

Nei Leit astellen

Dir sicht nei Leit fir Är Equippen ze verstäerken, awer de ganze Prozess vum Rekrutement hëlt iech ze vill Zäit wäsch, da sidd dir bei mir genau richteg.

Ech hëllefen iech, d’Annonce fir déi fräi Platz opzestellen an ze publizéieren, bei der Organisatioun vun de Virstellungsgespréicher an ech informéieren d’Kandidaten zum Schluss driwwer wéi Är Entscheedung ausgefall ass.

Rendezvouser verginn

sou hutt dir méi Zäit fir no äre Clienten oder Patienten ze kucken, an et geet keen Uruff méi verluer

Congé ersetzen

Är Hëllef ass am wuelverdéngte Congé, awer de Betrib leeft trotzdeem weider. Ech hëllefen, dass keng Aarbecht iwwer déi Zäit leie bleift an näischt an där Zäit vergiess gëtt.

Commanden Maachen

Mol gëtt Material, mol gi Servicer gebraucht. D’’Eicht eng Offer, dann eng Tabelle fir alles ze vergläichen an dann d’Commande. Alles zesummen an uerdentlech beieneen an engem Dossier

 Ëmfroen

Fir dass dir an ärem Betrib wuessen an iech verbessere kennt, ass et am beschten dir leed ëmmer Wäert op de Feedback vun ären Clienten.

Ech kann iech d’Äerbecht ofhuelen an Internet Ëmfroen, E-Mail Ëmfroen, Telefons Ëmfroen, Bréif Ëmfroen,… opstellen a verschécken.

dokumenter erstellen

Fir all Betrib déi passend Dokumenter:

Textdokumenter, Präsentatiounen, Tabellendokumenter, Bréiwer,…

Iwwerliesen

Är Dokumenter op Schreif a Formatéierungsfeeler iwwerpréiwen

Iddien fir Ä Dokumenter nei ze gestalten

Commanden unhuele

Annahme von Bestellungen Ihrer Kunden und Verarbeitung der Bestellungen nach Absprache mit Ihnen

Service après-vente op Ufro

teambuilding

Organisatioun vu klengen Ausflich oder Aktivitéiten am Betrib. Fir d’Stemmung an den Zësummenhalt am Team ze stäerken an hier Produktivitéit ze verbesseren

de Büro opraumen

Mat der Zäit sammelen sech iwwerall Saachen un, déi een iergendwann vergësst well een se nit braucht, oder een einfach ze vill vun allem huet. Egal wéien Deel vum Büro

sozial Medien

Haut des Daags spillt d’Präsens am Internet eng immens grouss Roll

Är Säiten ëmmer um neiste Stand 

FÄLT iech nach eppes an, wéi ech iech kéint hëllefen?

Mellt iech dach gäre bei mir, an zesumme kenne mir e Plang opstellen, wéiwäit ech iech ënnerstëtzen an iech d’Äerbecht erliichtere kann.Ech freeë mech ëmmer nei Challenges unzehuelen an doduerch bäizeléieren, et kann een ni genuch wëssen!

Weiter
Weiter

English